Wëllkomm beim Veloclub Diekirch!


Randonnée Jempy Schmitz 13.08.2023

Den 13. August gouf déi 29. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz vum Lions Club Eislek, dem VCD an den amis de Jempy Schmitz organiséiert. Méi wéi 400 Coureuren sin op dene 4 Circuiten matgefuer.



Training

  • Weini? All Samsdes um 09:30 Auer
  • Wou? Diekirch, Nei Schwemm (Rue Merten)
  • Jiddereen ass Wëllkomm!
  • Vitesse: +/- 23 / 25 km/h
  • Dauer: +/- 2h
  • Coursevelo (mir fueren op der Stroos)


Randonnée D'Echappée 07.05.2023

  • Datum: 07/05/2023

D'Echappée ass eng Vëlos Randonnée am Mëllerdall, déi 2022 ënnert dem Numm "Passes for Africa" eng éischte Kéier statt fonnt huet.

 

De ganzen Erléis vun der Randonnée geet un t'ONG "Le Soleil dans la Main"

 

Am ganzen gin et 4 Strecken tëschent 30km an 120 km:

8h30:
gemeinsamen Start vum 120 km Tour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

9h30:
gemeinsamen Start vum 30, 60 km an 90 km Tour (fir déi, déi d’Randonnée an enger Grupp fueren wëllen)

 



Chèque Iwwerreechung randonnée jempy schmitz 2023

Den 27. Abrëll gouf am Kontext vun der Randonnée Jempy Schmitz op der Gemeng zu Dikrich and der Präsens vum Buergermeeschter, dem Här Claude Thill, de Chèque vum VC Dikrich zesumme mam Lions Club Eislek an den Amis de Jampy Schmitz iwwerreecht. Mat dobäi war och d'Duechter vum Jempy Schmitz.

 

De VC Dikrich seet jidderengem Merci deen d'lescht Joer bei der Randonnée matgefuer ass a mir hoffen Iech a grousser Unzuel och dëst Joer, den 13. August 2023, erëmzegesinn.

 


Generalversammlung 2023

De Velo Club Dikrich hott sich op senger Generalversammlung den 23. März e neie Comité gin.

 

Neie President ass de Joel Kinn, dee säi Sekretärsposten un de Joé Leyder iwergëtt. D’Pierrette Ercolani bleift Responsabel fir d’Keess, déi trotz Pandemie a wéinst engem grousse Subside vun der Dikricher Gemeng mat engem Boni op den 31.12.2022 oofschléisst. Nei am Comité sin den Eric Besenius, Pascal Bormann, Ben Huberty, Jang Leyder a Misch Leyder.

 

An de Joren 2019-2022 hott de VCD mam Misch Leyder, Pit Leyder a Søren Nissen zwar 3 Coureurë verluer, ma si wäerten dem Club awer op eng aner Manéier erhale bleiwen.

 

Fir 2023 sti mat der Randonnée Échappée zu Konsdrëf de 7.5. an der Jempy Schmitz (13.8) zwee wichtig Evenementer um Programm, déi och nach engem gudden Zweck déngen.

Traurig stëmmt et de VCD, datt keng Kanner an de Veräin kommen. Course fuere steet nët un ischter Plaz, ma de Goût kënnt iergendwann vum selwen. Trainerë si prett, fir d´Kanner op engem ëmweltfrëndliche Verkéiersmëttel secher op de Stroosseverkéier virzebereeden.

Et gouf awer mat enger positiver Nott oofgeschloss: Eng mi enk Zesummenaarbicht mat der UCN Ettelbréck gëtt vu béide Säite net kategorisch ausgeschloss.

 


Drei-Ländermeisterschaft U23 + Jugendrennen

Am 3. Juli 2022 fanden in Diekirch gleich drei Rennen statt. Neben dem Critérium des Jeunes und dem GP de Luxembourg fand am Mittag die Drei-Ländermeisterschaft statt. Bei diesem Rennen wurden die nationalen Meister der U23 aus der Schweiz, Deutschland und Luxemburg gekürt.

 

Als erster über die Ziellinie gefahren ist der deutsche Jannis Peter. Damit wurde er auch neuer deutscher U23- Meister vor Hannes Wilsch vom Team DSM Development. Erster Schweizer wurde Nils Brun vom Team Tudor Pro Cycling.

 

Im Rennen der luxemburgischen Radfahrer blieb es bis zum Schluss spannend. Nachdem Loïc Bettendorff nach einem Sturz wieder in die erste grosse Gruppe zurückkehrte, fiel die Entscheidung zwischen dem Fahrer vom Team Riwal Cycling und den beiden Leopard Fahrern Arthur Kluckers und Mats Wenzel. Am Ende setzte sich Loïc Bettendorf im Sprint knapp vor Arthur Kluckers durch und kürte sich somit zum luxemburgischen Meister der Kategorie U23.



randonnée jempy schmitz 2019

 

De VC Diekirch huet den 11. August 2019 zesumme mam Lions Club Éislek a Les Amis de Jempy Schmitz déi 27. Editioun vun der Randonnée Jempy Schmitz zu Dikkrich bei der Schwemm organiséiert.

Link: Méi Informatiounen



Pit leyder beendet radsport-karriere

Pit Leyder zieht mit sofortiger Wirkung einen Schlussstrich unter seine noch junge Radsport-Karriere. Dies gab sein Team Leopard Pro Cycling bekannt.

 

Link: Pit Leyder beendet Radsportkarriere


sören nissen champion xco mtb 2019

De Sören Nissen huet zu Dikkrich sai Lëtzebuerger Championstitel am XCO Mountainbike verdeedegt.


randonnée jempy schmitz 2018

D'Organisateuren vun der Randonnée Jempy Schmitz konnten der ALAN e Scheck an Héicht vun 10.000 Euro iwwerreechen. [weider liesen...]



excellent performance vum pit leyder beim skoda tour de luxembourg 2018

De Pit Leyder huet beim Skoda Tour de Luxembourg 2018 mat ganz gudde Resultater op sech opmierksam gemach.

 

Am General gouf hien um Enn den drëtten an hie konnt sech donieft och iwwert de waisse Maillot vum beschte Nowuessfuerer freën.  (hei weider liesen...)

 

Foto: Serge Waldbillig

 

 

Contact :

Connect with us on social media: