Generalversammlung 2019

Net vill … awer gudder

 

 

Mat dëse Wierder hott de President Garry Speicher vum VC Dikrich d'Generalversammlung 2019 am Restaurant „A 8 Clos“ an der Garerstrooss zu Dikrich ugefaangen. D'Coureuren aus dem Veräin si zwar net zu vill, ma si hunn awer 3 Championstitelen erausgefuer. Pit Leyder bei den U23 op der Strooss a Søren Nissen am Mountainbike Cross Country an am Marathon Mountainbike. Derbäi komme nach 3 Vizechampionstitelen: Pascal Ley géint d'Zäit bei de Masters, Misch Leyder am Marathon Mountainbike a Pit Leyder och géint d'Zäit bei den Espoirs.

Mountainbike Championnat am Juli 2019 zu Dikrich

 

 

E Merci goung awer och un di verschidden Instanze wi Police, Syndicat d´Initiative, Gemeng a Ponts-et-Chaussées, op déi ee sich zu Dikrich ëmmer verloosse kann, wa se gebraucht ginn. Dofir organiséiert de VCD den 21. Juli di national Meesterschaften am Mountainbike op enger ganz neier Streck geentiwer der aller Schwämm, an de Wisen an am Bësch ënnert dem Deiwelsälter.

 

Kandidatur fir d'national Meesterschaften op der Strooss 2021

 

 

2021 ginn et 70 Jar, datt den Tour de Luxembourg fir di ischte Kier zu Dikrich ukoum an et ass dem Veräin dofir eng Iër, fir d´Organisatioun vun de nationale Meesterschaften op der Strooss ze kandidieren. Dëst hott dem President vun der FSCL, den Här Camille Dahm, natierlich vill Freed gemaach, bedeit et dach eng Suerg manner fir heen. De VC Dikrich huet fir d'letzt 2011 d'national Championnater organiséiert. Deemools konnt de Frank Schleck säi Meeschtertrikot virun honnerte vu Spectateuren verdeedegen.

 

 

No enger Gedenkminutt fir de fréiere President Pierre Speicher hott de Sekretär a Vize-President Joel Kinn de rapport d´activités gemaach, wou di ischt Randonnée Jempy Schmitz nom Dutt vum Coureur mat 800 Lett e vollen Erfollig war.

 

 

D'Keess gouf weenst neien Uniformen nawell zimlich belaasst, ma daat amortisiert sich iwer di nächst Jaren, well keng Sponsore musse rofgeholl resp. derbäi gesat gin. Nom Accord vun de Keesseréviseurinnen Denise Kinn an Annette Kanivé krut d'Caissière Pierrette Speicher d'Entlaastung an e Bukki Blumme fir 10 Jar Responsabilitéit vun de Suen. Blumme gufen et och fir d'Betty Kinn, dat aus Zeitgrënn d'Sekretariat un dee frëschgebakene Pensionnaire Joel Kinn ooftrëtt.

 

Eng gutt Lasagne hott den hongrige Coureursmo duerno rëm gutt gefëllt.

 

 

Fotoen: ©VC Diekirch; ©ACC Contern



Contact :

Connect with us on social media: