Sören nissen gewennt d'Belgian Mountainbike Challenge

11. 05. - 13. 05. 2018

 

Bei der Belgian Mountainbike Challenge (BeMC), eng Course déi rondrem La Roche-en-Ardenne gefuer gouf, konnt de Sören Nissen de General vir dei zweete Kéier no 2015 gewannen.

 

Déi éischt Etapp gouf iwwer 86 Kilometer an 2450 Héichtemeter ausgedro. Héi huet de Sören Nissen seng Ambitiounen op de General ënnerstrach. Hie gewennt mat engem Viirsprong vu ronn enger Minutt op de Robbert de Nijs.

 

Op der zweeter Etapp gëtt de lëtzebuerger Champion am Cyclocross den zweeten hannert dem Eistraicher Christoph Soukup. Hie konnt awer seng éischt Plaatz am General verdeedegen.

 

Op der läschter Etapp wollt de Sören keng Spannung opkomme loossen an huet och dës Etapp gewonn.

 

Am General haat hien um Enn eng Avance vu 4 Minutten an 28 Sekonnen op de Frans Claes a ronn 9 Minutten op de Robbert de Nijs.


Copyright: Mountainbike.be; Jan Geys; Belgian Mountainbike Challenge (BeMC)

Contact :

Connect with us on social media: