Championnat sur Route 2018

Nodeems den Donneschden d'Championnater am Zäitfueren gefuer goufen, stoungen de Weekend d'Stroosecoursen um Programm.

 

Samschdes haten d'Masters 67,2 Kilometer ze fueren. De Pascal Ley kënnt hei op déi 17. Platz an de Roby Rippinger fiert als 27. iwwert d'Ligne d'Arrivée.

 

Bei de Junioren war de Michel Thillen vum VC Diekirch um Départ. No 112 Kilometer konnt hien sech als 12. klasséieren.

 

De Misch Leyder kënnt bei den Espoirs op déi 9. Platz. Dës Course gouf awer just als regional Course gezielt, nodeems d'Championnat scho virun zwou Wochen zu Unna beim 3-Länner-Championnat gefuer ginn ass.


Fotoen: © Maya Straus

Contact :

Connect with us on social media: