Réckbleck op d'Flèche du Sud 2018

09. 05. - 13. 05. 2018

 

Bei der 69er Flèche du Sud koum de Pit Leyder am General op dei gudd 8. Plaatz. Hie konnt sech doniewt och nach iwwert de giele Maillot fir de beschte Lëtzebuerger freën.

 

Nodeems hien op den éischten zwou Etappe keng Zait verluer haat an ëmmer am éischten Drëttel vum Peloton ukomm ass, haat hee virun der Kinneksetapp ronderem Wëntger eng gudd Ausgangspositioun. Hei konnt de Pit dunn mat enger 10. Plaatz iwwerzeegen.

 

Op denen zwou läschten Etappe konnt hien seng Platz am General verteidegen. Schlussendlech haat heen e Retard vun enger Minutt an 8 Sekonnen op de Schlussgewënner Gianni Marchand.

 

Foto: © rtl.lu


Fotoen: © Maya a Robert Straus; rtl.lu


Sören Nissen
© Elisa Haumesser

Contact :

Connect with us on social media: