Excellent Performance vum Pit Leyder beim Skoda Tour de Luxembourg

Beim Skoda Tour de Luxembourg konnt de Pit Leyder iwwerzeegen. Am Generalklassement fiert hien op de Podium a gëtt beschte Nowuessfuerer.

 

Scho beim Prolog um Mëttwoch Owend huet hie mat enger 19. Platz säin Talent gewisen. No 2,3 Kilometer hat hie just 12 Sekonne Retard op de Gewënner Damien Gaudin. Op der zweeter Etapp mat der Arrivée zu Hesper ass de Pit als 40. am Peloton ukomm.

 

Zu Schëffleng konnt de Fuerer vu Leopard du fir déi éischte Kéier an d'Top Ten fueren. An der Schlussmontée konnt hie mat deene Beschte mathalen a kënnt an der selwechter Zäit wéi den Andrea Pasqualon op der 5. Platz un.

Op dëser Etapp konnt dem Pit säin Teamkolleg Alexander Krieger och de giele Maillot iwwerhuelen.

 

Op der drëtter Etapp vun Eschweiler op Diddeleng huet Leopard dunn och missten am Peloton schaffen, fir den Trikot ze verdeedegen. Och wann dat net geklappt huet, sou konnt de Pit Leyder trotzdeem eng weider Kéier iwwerzeegen, andeems hien am éischte Grupp ukomm ass. Seng 9. Platz ass och duergaange fir de wäisse Maillot vum beschten Nowuessfuerer ze iwwerhuelen.

 

Virun der leschter Etapp vu Miersch an d'Stad war de Pit am General op der 6. Platz mat engem Retard vu 25. Sekonnen. Op dëser leschter Etapp, déi och duerch Dikrech gefuer ass, huet de Pit Leyder endgülteg seng excellent Form bewisen. Op der Arrivée uewen um Pabeierbierg ass de Pit als 4. ukomm. Hie konnt sech esou nach op déi 3. Platz am Generalklassement no fir schaffen. Dobäi hat hie just e Retard vu 29 Sekonnen op de Schlussgewënner Andrea Pasqualon. Donieft gëtt hie mat 22 Sekonne Virsprong op den Aime De Gendt beschten Nowuessfuerer vum Skoda Tour de Luxembourg 2018.



Contact :

Connect with us on social media: