Résultats


Cyclocross Bieles

18. 11. 2018

 

Beim regionale Cyclocross zu Bieles fiert de Lëtzebuerger Champion Sören Nissen als 9. iwwert d'Arrivée. Hien haat e Retard vun 2:03 Minutten op de Vincent Dias Dos Santos, deen eng weider Victoire feiere konnt.

 

Foto: ©Albert Krier


Cyclocross Dommeldange

11. 11. 2018

 

De Sören Nissen ass beim GP Snooze zu Dummeldeng seng éischt Course fir dës Cyclocross Saison gefuer. De Lëtzebuerger Champion huet sech als 14. mat engem Retard vun 3:53 Minuten op de Vainqueur Vincent Dias Dos Santos klasséiert.

 

Foto: ©sportfotos.lu



Sportler vum Joer 2018

Sören Nissen

De Sören Nissen, ass fir déi éischte Kéier fir d'Wiel vum Sportler vum Joer nominéiert. weider liesen...

 

 

 

Foto: ©Igor Schifris


Europameeschterschaft am Cyclocross zu Rosmalen

04. 10. 2018

 

De Misch Leyder war bei der Europameeschterschaft am Cyclocross zu Rosmalen an Holland bei der U23 um Depart. Bei senger leschter Course fir dës Saison fiert hien als 34. mat engem Retard vu 4:54 Minutten op den neien Europameeschter Tom Pidcock iwwert d'Arrivée.

 

Foto: Rom Helbach



Cyclocross Contern

28. 10. 2018

 

Beim éischten internationale Cyclocross vun der Saison zu Lëtzebuerg gouf et eng Victoire vum Corné van Kessel. Als beschte Lëtzebuerger ass de Misch Leyder op déi 15. Platz gefuer. Hien hat e Retard vun dräi Minutten op de Gewënner.

 

Foto: ©Christopher Jobb

Misch Leyder (VC Diekirch)


Crocodile Trophy

13. 10. - 20. 10. 2018

 

De Sören Nissen konnt bei der australescher Etappecourse "Crocodile Trophy" mat der drëtter Platz am Generalklassement iwwerzeegen.

 

Nodeems de Lëtzebuerger Champion op den éischten zwou Etappen allkéiers den drëtte gouf, ass hien op den Etappen 3 a 4 als 5. iwwert d'Arrivée gefuer. Op der fënnefter Etapp war de Sören de véiert séiersten.

 

Déi bescht Leeschtung huet de Mountainbike-Spezialist op der 6. Etapp gewisen. Deemno konnt hien dës Etapp mat enger Avance vun dräi Sekonne gewannen. Déi zwou läscht Etappen ass de Sören Nissen rëm als 3. fäerdeg gefuer.

 

Am General waren um Enn just de Gewënner Urs Huber a säi Schwäizer Landsmann Kenny Looser virum Lëtzebuerger Champion.

 

Fotoen: ©Crocodile Trophy; Adventure Freak



Cyclocross Kayl

13. 10. 2018

 

Beim regionale Cyclocross zu Kayl konnt de Misch Leyder no enger spannender Course seng éischt Victoire an dëser Saison féieren.

 

Nodeems de Misch no enger Chute am éischten Tour de Vëlo wiessele misst,  huet hie sech erëm séier un d'Spëtzt geschafft. Do war hien da bis an de lëschten Tour mam Lex Reichling ënnerwee. Him ass et du gelongen, sech liicht of ze setzen,  sou datt hien um Enn mat enger Avance vu puer Sekonnen gewanne konnt.

 

Fotoen: ©Albert Krier; Grand Ducal Cycling



Cyclocross Miersch

07. 10. 2018

 

Nodeems de Misch Leyder beim Cyclocross zu Miersch e ganz gudden Depart hat, ass hien awer am éischten Tour gefall, sou datt hie schon e grousse Retard op d'Spëtzt hat.

Dat sollt hien awer net dovun ofhalen, sech erëm Platz fir Platz no vir ze schaffen, fir um Enn als 5. iwwert d'Arrivée ze fueren.

 

Foto: ©Albert Krier


Cyclocross Brouch

30. 09. 2018

 

Beim Optakt vun der Lëtzebuerger Cyclocross Saison zu Brouch ass de Misch Leyder op déi  12. Platz, ronn 2 Minutten hannert dem Vincent Dias  Dos Santos, deen d'Course fir sech entscheede konnt.

 

Foto: ©Mike Osio


Weltmeeschterschaft zu Innsbruck

25. 09. - 28. 09. 2018

 

Bei den UCI Weltmeeschterschaften zu Innsbruck huet de Pit Leyder déi Lëtzebuerger Faarwe vertrueden.  Am Zäitfueren iwwer 28 Kilometer gëtt hien als 50. klasséiert.

D'Stroossecourse gouf op engem ganz schwéiere Parcours gefuer. Um Programm stoungen 180 Kilometer an 2910 Héichtemeter.  Am zweetleschte Bierg konnt de Pit den Tempo vun der Spëtzt net méi matfueren a gëtt um Enn den 71..

 

Fotoen: © Serge Waldbillig

 



BeMC Marathon Houffalize

16. 09. 2018

Zu Houffalize konnt de Sören Nissen déi éischt Editioun vum BeMC Marathon Houffalize gewannen.

 

 



Cyclocross Boulzicourt

Misch Leyder Cyclocross Boulzicourt © Stéphane Leroy

23. 09. 2018

 

Den 23. September ass de Misch Leyder säin éischte Cyclocross vun der neier Saison gefuer. Zu Boulzicourt ass de Misch no enger staarker Virstellung op déi 7. Platz gefuer, dat virum franséischen Espoirs Champion aus der leschter Saison, dem Lucas Dubau.  

 

 

Foto: © Stéphane Leroy


Skaidixtreme (Norwegen)

01. 09. 2018

 

De Sören Nissen konnt de Skaidixtreme, eng Marathonmountainbike Course a Norwegen, fir déi drëtte Kéier gewannen.

 

 



Tour de l'Avenir

17. 08. - 26. 08. 2018

 

Vum 17. August un war de Pit Leyder mat der Nationalequippe bei der wichtegster Etappecourse vun den Espoirs, dem Tour de l'Avenir, um Depart. Op den 10 Etappe konnt hie 4 mol an d'Top 20 fueren.

Op der 3. Etapp vu Le Lude op Châteaudun ass den U23- Champion op déi ganz gutt 9. Platz komm.

 

Fotoen: © Elisa Haumesser



Rad am Ring

29. 07. 2018

 

 

De Pit Leyder vum Team Leopard Pro Cycling gewënnt déi 6. Manche vun der

 

Rad- Bundesliga um Nürburgring am Sprint vum enger 10 Mann staarker Spëtzegrupp virum Simon Laib vum Team Dauner D&DQ Akkon. Drëtten gëtt de Fabian Holbach.

De Misch Leyder, dee vir d'Regional Equipe Lëtzebuerg gestart ass, kënnt op déi 12. Platz mat engem Retard vu 46 Sekonnen.

 

Fotos: © Holger's Radsport Fotos (2); VC Diekirch (1)



Championnat am Mountainbike zu Hesper


Critérium "Nocturne de Rochefort"

Misch Leyder devant Rik Karier au Critérium "Nocturne de Rochefort"

12. 07. 2018

 

Den 12. August war de Misch Leyder um Départ vum Critérium "Nocturne de Rochefort". Um Programm stoung en Tour vun 1,25 Kilometer, de 55 Mol ze fuere war.

No 68,5 Kilometer konnt de Misch als éischten iwwert d'Arrivée fueren. Hien hat mam spéideren zweeten Remy Cara a mam Rik Karier, deen um Enn den drëtte gouf, de Peloton iwwerronnt a konnt sech domat iwwert d'Victoire freeën.

 

Link: Résultats

 


Erbeskopfmarathon

Bei der 17. Editioun vum Erbeskopfmarathon konnt sech de Sören Nissen no 110 Kilometer an 3400 Héichtemeter iwwert d'Victoire freeën. Hien huet vir déi Streck 4 Stonnen, 44 Minuten an 41 Sekonne gebraucht a war domat 1 Minutt an 32 Sekonnen méi séier wéi de Belsch Joris Massaer.

Bei der Course vun den Damen, déi iwwer 37 Kilometer gefuer gouf, kënnt d'Betty Kinn op déi 4. Platz.

 

Link: Videoreportage vum SWR


Championnat sur Route


Championnat CLM


Drei- Länder- Meisterschaft U23

Pit Leyder gëtt zu Unna lëtzebuerger U23 Champion.

 

17. 06. 2018

 

Beim Dräi- Länner- Championnat vun den Espoirs, daat dëst Joer zu Unna an Daitschland gefuer gouf, gëtt de Pit Leyder den éischte Lëtzebuerger, an ass domat och néie Champion bei den Espoirs.

No 169,9 Kilometer koum et wéi erwaart zu engem Massesprint, an deem den Daitsche Max Kanter déi séierste Been haat. De Pit Leyder kënnt insgesamt op déi 4. Plaatz a ka sëch domat iwwert de Roud- Waiss- Bloe Maillot freën. Als zweete Lëtzebuerger fiert dem Pit sain Teamkolleg vu Leopard Pro Cycling, de Luc Wirtgen iwwert d'Arrivée. D'Bronzemedail ass vir de Colin Heiderscheid.

 

 

Foto: FSCL


Rund um Köln

10. 06. 2018

 

Den 10. Juni ass de Pit Leyder bei "Rund um Köln" un den Départ gaang. No 207,7 Kilometer op engem Parcours mat ville klenge Koppen ass d'Entscheedung ëm d'Victoire am Sprint gefall. Hei konnt sech de Sam Bennett vu Bora Hansgrohe duerchsetzen. De Pit fiert an der selwechter Zait als 23. iwwer d'Arrivée.

 

Foto: Leopard Pro Cycling


Festival LG Bertrange

10. 06. 2018

 

Um Sonndeg waren zu Bartreng zwee Coureuren vum VC Diekirch um Départ.

De Misch Leyder gëtt an der Course vun der Elite/Espoirs hannert dem Pit Schlechter mat engem Retard vu 44 Sekonnen den zweeten. Domat klasséiert hien sech och als éischten Espoir.

De Pascal Ley ass d'Course ned fäerdeg gefuer.

 

Fotoen: © Albert Krier




69e Flèche du Sud

Pit Leyder / Leopard Pro Cycling

Belgian Mountainbike Challenge (BeMC)

Sören Nissen

Flèche Ardennaise

Pit Leyder

06. 05. 2018

 

Bei der 53er Flèche Ardennaise kënnt de Pit Leyder op déi gutt 6. Plaz mat engem Retard vu 5 Sekonnen op de Gewënner Cees Bol.

 

Foto: Cyclingcphotography


"Eschborn Frankfurt U23"

01. 05. 2018

 

Um 1. Mee war de Pit Leyder mat der Nationalequippe zu Frankfurt beim Radklassiker "Eschborn- Frankfurt" an der Kategorie U23 um Départ. No 146 Kilometer ass de Pit als 29. iwwert d'Arrivée gefuer. Hien haat e Retard vun 3:31 Minutten op de Gewënner Niklas Larsen aus Dänemark.


Roc d'Ardenne zu Houffalize

29. 04. 2018

 

Um Sonndeg ass de Sören Nissen beim Roc d'Ardenne zu Houffalize op dei drëtt Plaz gefuer. Bei dëser Course, déi zu der UCI World Series gehéiert, misst hien just dem Robbert de Nijs an dem Gewënner Simon Stiebjahn de Viirtrëtt loossen.


Sören Nissen

De Sören Nissen ass neien letzebuerger Champion am Cyclocross.

 

Um Championnat zu Kayl konnt hien sech als Solist duerchsetzen an domat sain eischten letzebuerger Championstitel feieren.

 

De Misch Leyder gewennt bei den Espoirs d'Selwermedail. Bei de Junioren kënnt de Jang Leyder op dei 5. Plaatz.

 

Foto: © Serge Waldbillig