Bei der Weltmeeschterschaft zu Bergen an Norwegen kennt de Misch Leyder bei de Junioren op dei excellent 13. Plaatz.
An der Course vun den Espoirs gett de Pit Leyder no 191 Kilometer als 106. klasseiert.
Foto©: Sean Rowe
De Jang Leyder konnt bei der 32. Internationale Radjugendtour an der Oststeiermark dei 3. Etapp gewannen. Doniewt klasseiert
hien sech am General op dei gudd 6. Plaaz.
12. - 13. 08. 2017
Bei der Ronde des Vallées an der Bretagne huet de Misch Leyder déi drett Etapp gewonn. Hen huet domatt seng gutt Form aus de leschte Meint enner Beweis gestallt.
Am General klasséiert hen sech als 8. op 48 Sekonnen op de Schlussgewenner Minne Verboom.
Foto©: Olivia Nieto Photographies
08. - 09. 07. 2017
Beim Grand- Prix General Patton, den zu der Coupe des Nations geheiert, konnt de Misch Leyder mat enger excellenter Performance op sech opmierksam machen.
Op der eischter Etapp teschent Ettelbréck an Elwen ass et him gelong, an dei richteg Echappée ze kommen. Hie gett um Enn de 4. mat engem Retard vun 5 Sekonnen op de Gewenner Michele Gazzoli.
Op der zweeter Etapp zu Munzen konnt de Misch seng 4. Plaatz am General verdeedegen, andeems hien als 14. am Peloton ukennt.
24. - 25. 06. 2017
Bei den nationalen Meeschterschaften zu Remerschen konnt de VCD e Champion an eng weider Podiumsplatz feieren.
Bei de Masters ass de Pascal Ley als Titelverdeedeger an d'Course gaang. Et sollt awer schweier gin, dësen Titel ze verdeedegen, well sech de Christian Poos, dee seng éischt Saison bei de Masters fiert, direkt am éischten Tour alleng oofsetze konnt a sech op dei Manéier duerchgesat huet. Do hannendrun huet de Pascal eng flott Course gewisen a klasséiert sech um Enn als excellenten Zweeten. De Fränz Weber kënnt ob déi 23. Platz.
De Misch Leyder kënnt bei de Junioren am Sprint ob déi 5. Platz.
Bei den Débutants gewënnt de Jang Leyder d'Goldmedail. Nodeems hien sëch no engem Tour zesumen mam Loic Bettendorff ofestze konnt, ass et him gelongen, de Sprint ze gewannen an esou de Landesmeeschtertrikot mat Heem ze huelen.
21.06.2017
Bei den nationalen Meeschterschafter am Zaitfueren sinn fir den VC Diekirch eng Retsch gudd Platzéierungen rausgesprongen.
Bei den Masters kennt den Pascal Ley no 9,37 km op dei gudd 6. Platz, daat mat engem Retard vun 58" op den Gewenner Christian Poos. Den Robby Rippinger ass bei der Elite ouni Kontrakt un den Départ gangen, an klasséiert sech als 9. mat 2´46" op den Gewenner. Bei den Espoirs koum den Pit Leyder no 18,74 km op dei 5. Platz. Den Misch Leyder konnt bei den Junioren als Dretten op den Podium klammen, daat mat 26 Sekonnen Retard op den neien Champion Arthur Kluckers. Och um Podium stoung den Jang Leyder bei den Débutants als Dretten op 12 Sekonnen vun Gewenner.
30. 05 - 02. 06. 2017
Bei den Spiller vun den klengen Länner zu San Marino war den VC Diekirch mat 3 Sportler vertrueden. Op der Stroos waren daat den Pit an Misch Leyder, an am Mountainbike den Sören Nissen.
An der Course en ligne ass d´Entscheedung am Sprint gefall, wou sech den Pit Leyder knapps behaapten konnt, daat nodeems den Peloton 10 Kilometer virun der Arrivée nach een Retard vun 2 Minutten op dei 3 Spetzenleit haat. Den Pol Weisgerber an den Misch Leyder hunn desen Retard awer nach gudd konnten machen sou dass sie mat enger Goldmedaille belount goufen.
Am Mountainbike ass den Sören Nissen als Favorit an d'Course gaangen. Hien gouf senger Favoritenroll dann och gerecht, an gewennt d´Course mat enger grousser Avance op d'Konkurrenz.
Copyright: Ben Majerus
29. - 30. 04. 2017
De Jang Leyder gewënnt déi 6. Editioun vun der "Tour de la Basse-Meuse".
Am Contre-la-montre fiert hien als 3. op de Podium. No enger 4. an enger 5. Platz an deenen zwou Etappen klasséiert hien sech um Enn als éischten
ënnert 110 Coureuren.
29. - 30. 04. 2017
De Misch Leyder ass mat der Nationalequipe bei dëser Course, déi aus zwou Etappen an engem Equippenzäitfueren besteet, gestart.
No der éischter Etapp konnt hien de gréngen Maillot vum beschte Sprinter undoen. Op der leschter Etapp huet hien alles ginn, fir säi Maillot ze verdeedegen.
Um Enn sollt et awer knapps net duergoen. Am General klasséiert hien sech als 30. op 32".
01. 05. 2017
De Pit Leyder ass den 1. Mee mat der Nationalequipe bei der U23- Course "Rund um den Finanzplatz Eschborn Frankfurt" gestart. No 155 Kilometer bei kalen Temperaturen a Reen
kënnt de Pit um Enn op déi ganz gutt 18. Platz.
22. - 23. 04. 2017
Beim Saar- Lux Cup huet sech de Misch Leyder als 3. am Generalklassement klasséiert. Duerch seng 3. Platz op der leschter Etapp konnt hie sech am General vun der 7. op déi 3. Platz no vir schaffen.
De Pascal Ley war just Samschdes am Asaz. Nom Zäitfueren an der Stroossecourse klasséiert hie sech als 27.
Bei den Débutants konnt de Jang Leyder d'Generalklassement gewannen. Nodeems hien d'Zäitfueren fir sech entscheet hat, konnt hien de General an deenen zwou Stroossecourssen, wou hien 3. an 2. gouf, verteidegen. (Reportage: SR sportarena)