Dëst Joer gouf d'Championnat am XCO Mountainbike zu Hesper um Holleschbierg gefuer.
Bei der Elite hat de Sören Nissen déi meescht Reserven. Hie kënnt mat enger Zäit vun 1 Stonn 35 Minutten an 3 Sekonnen an d'Zil. Den 2. um Podium war de Philippe Bützow mat
engem Retard vun 2 Minutten a 6 Sekonnen. Als 3. konnt sech de Scott Thiltges behaapten.