Sören Nissen ass Lëtzebuerger Champion am Cyclocross, am Mountainbike an am Mountainbike-Marathon

Um Cyclocross Championnat zu Kayl konnt de Sören Nissen sech als Solist duerchsetzen. Hie kann domat sain eischte letzebuerger Championstitel feieren.

 

De VC Diekirch huet och an denen aanere Kategorie mat gudde Resultater iwwerzeegt.

Bei den Espoirs gewennt de Misch Leyder d'Selwermedail. Bei de Junioren kënnt de Jang Leyder op dei 5. Plaatz.

 

Foto: © Serge Waldbillig

Dëst Joer gouf d'Championnat am XCO Mountainbike zu Hesper um Holleschbierg gefuer.

 

Bei der Elite konnt sech de Sören Nissen säin zweete Lëtzebuerger Championstitel sécheren. Hie kënnt mat enger Zäit vun 1 Stonn 35 Minutten an 3 Sekonnen an d'Zil. Den 2. um Podium war de Philippe Bützow  mat engem Retard vun 2 Minutten a 6 Sekonnen. Als 3. konnt sech de Scott Thiltges behaapten.

Am Oktober stoung am Kader vum Red Rock Challenge d'Championnat am Mountainbike- Marathon um Programm. De Sören Nissen ass als grousse Favorit an d'Course gaangen a konnt sech um Enn d'Goldmedail sécheren.

 

De Misch Leyder fiert no 75 Kilometer op déi excellent zweete Platz .

Fotoen ©: Serge Waldbillig; Roland Miny; acccontern.lu; sportspress.lu; sportfotos.lu



Contact :

Connect with us on social media: