23. 12. 2018
Beim Cyclocross World Cup zu Namur fiert de Sören Nissen als 52. iwwert d'Arrivée. De Mathieu van der Poel gewënnt d'Course mat enger Avance vu ronn enger Minutt virum Weltmeeschter Wout van Aert.
Foto: ©Bernard Gillet
16. 12. 2018
Beim regionale Cyclocross zu Warken fiert de Sören Nissen als 6. iwwert d'Arrivée. D'Course vun der UCN Ettelbréck gouf vum Loïc Hennaux virum Scott Thiltges gewonn.
Foto: ©Albert Krier
02. 12. 2018
De Sören Nissen fiert beim Cyclocross zu Mamer op déi 10. Platz. Bei dëser Manche vum Skoda Cross Cup konnt de Vincent Dias Dos Santos säi Virsprong als Vainqueur weider ausbauen.
Foto: ©sportfotos.lu
25. 11. 2018
Beim regionale Cyclocross, dee vu SaF Zéisseng organiséiert gouf, ass de Sören Nissen op déi 6. Plaz gefuer. De Lëtzebuerger Champion war just 35 Sekonne méi lues wei de Vainqueur Senne de Meyer.
18. 11. 2018
Beim regionale Cyclocross zu Bieles fiert de Lëtzebuerger Champion Sören Nissen als 9. iwwert d'Arrivée. Hien hat e Retard vun 2:03 Minutten op de Vincent Dias Dos Santos, deen eng weider Victoire feiere konnt.
Foto: ©Albert Krier
11. 11. 2018
De Sören Nissen ass beim GP Snooze zu Dummeldeng seng éischt Course fir dës Cyclocross Saison gefuer. De Lëtzebuerger Champion huet sech als 14. mat engem Retard vun 3:53 Minuten op de Vainqueur Vincent Dias Dos Santos klasséiert.
Foto: ©sportfotos.lu
De Sören Nissen, ass fir déi éischte Kéier fir d'Wiel vum Sportler vum Joer nominéiert. weider liesen...
Foto: ©Igor Schifris
04. 10. 2018
De Misch Leyder war bei der Europameeschterschaft am Cyclocross zu Rosmalen an Holland bei der U23 um Depart. Hie fiert als 34. mat engem Retard vu 4:54 Minutten op den neien Europameeschter Tom Pidcock iwwert d'Arrivée.
Foto: Rom Helbach
28. 10. 2018
Beim éischten internationale Cyclocross vun der Saison zu Lëtzebuerg gouf et eng Victoire vum Corné van Kessel. Als beschte Lëtzebuerger ass de Misch Leyder op déi 15. Platz gefuer. Hien hat e Retard vun dräi Minutten op de Gewënner.
Foto: ©Christopher Jobb
13. 10. - 20. 10. 2018
De Sören Nissen konnt bei der australescher Etappecourse "Crocodile Trophy" mat der drëtter Platz am Generalklassement iwwerzeegen.
Nodeems de Lëtzebuerger Champion op den éischten zwou Etappen allkéiers den drëtte gouf, ass hien op den Etappen 3 a 4 als 5. iwwert d'Arrivée gefuer. Op der fënnefter Etapp war de Sören de véiert séiersten.
Déi bescht Leeschtung huet de Mountainbike-Spezialist op der 6. Etapp gewisen. Deemno konnt hien dës Etapp mat enger Avance vun dräi Sekonne gewannen. Déi zwou läscht Etappen ass de Sören Nissen rëm als 3. fäerdeg gefuer.
Am General waren um Enn just de Gewënner Urs Huber a säi Schwäizer Landsmann Kenny Looser virum Lëtzebuerger Champion.
Fotoen: ©Crocodile Trophy; Adventure Freak
13. 10. 2018
Beim regionale Cyclocross zu Kayl konnt de Misch Leyder no enger spannender Course seng éischt Victoire an dëser Saison féieren.
Nodeems de Misch no enger Chute am éischten Tour de Vëlo wiessele misst, huet hie sech erëm séier un d'Spëtzt geschafft. Do war hien da bis an de lëschten Tour mam Lex Reichling ënnerwee. Him ass et du gelongen, sech liicht of ze setzen, sou datt hien um Enn mat enger Avance vu puer Sekonnen gewanne konnt.
Fotoen: ©Albert Krier; Grand Ducal Cycling
07. 10. 2018
Nodeems de Misch Leyder beim Cyclocross zu Miersch e ganz gudden Depart hat, ass hien awer am éischten Tour gefall, sou datt hie schon e grousse Retard op d'Spëtzt hat.
Dat sollt hien awer net dovun ofhalen, sech erëm Platz fir Platz no vir ze schaffen, fir um Enn als 5. iwwert d'Arrivée ze fueren.
Foto: ©Albert Krier
30. 09. 2018
Beim Optakt vun der Lëtzebuerger Cyclocross Saison zu Brouch ass de Misch Leyder op déi 12. Platz, ronn 2 Minutten hannert dem Vincent Dias Dos Santos, deen d'Course fir sech entscheede konnt.
Foto: ©Mike Osio
25. 09. - 28. 09. 2018
Bei den UCI Weltmeeschterschaften zu Innsbruck huet de Pit Leyder déi Lëtzebuerger Faarwe vertrueden. Am Zäitfueren iwwer 28 Kilometer gëtt hien als 50. klasséiert.
D'Stroossecourse gouf op engem ganz schwéiere Parcours gefuer. Um Programm stoungen 180 Kilometer an 2910 Héichtemeter. Am zweetleschte Bierg konnt de Pit den Tempo vun der Spëtzt net méi matfueren a gëtt um Enn den 71..
Fotoen: © Serge Waldbillig
16. 09. 2018
Zu Houffalize konnt de Sören Nissen déi éischt Editioun vum BeMC Marathon Houffalize gewannen.
01. 09. 2018
De Sören Nissen konnt de Skaidixtreme, eng Marathonmountainbike Course a Norwegen, fir déi drëtte Kéier gewannen.
17. 08. - 26. 08. 2018
Vum 17. August un war de Pit Leyder mat der Nationalequippe bei der wichtegster Etappecourse vun den Espoirs, dem Tour de l'Avenir, um Depart. Op den 10 Etappe konnt hie 4 mol an d'Top 20 fueren.
Op der 3. Etapp vu Le Lude op Châteaudun ass den U23- Champion op déi ganz gutt 9. Platz komm.
Fotoen: © Elisa Haumesser
29. 07. 2018
De Pit Leyder vum Team Leopard Pro Cycling gewënnt déi 6. Manche vun der
Rad- Bundesliga um Nürburgring am Sprint vum enger 10 Mann staarker Spëtzegrupp virum Simon Laib vum Team Dauner D&DQ Akkon. Drëtten gëtt de Fabian Holbach.
De Misch Leyder, dee vir d'Regional Ekipp Lëtzebuerg gestart ass, kënnt op déi 12. Platz mat engem Retard vu 46 Sekonnen.
Fotos: © Holger's Radsport Fotos (2); VC Diekirch (1)
12. 07. 2018
Den 12. August war de Misch Leyder um Départ vum Critérium "Nocturne de Rochefort". Um Programm stoung en Tour vun 1,25 Kilometer, de 55 Mol ze fuere war.
No 68,5 Kilometer konnt de Misch als éischten iwwert d'Arrivée fueren. Hien hat sech mam spéideren zweeten Remy Cara a mam Rik Karier, deen um Enn
den drëtte gouf, ofgesat an de Peloton iwwerronnt. Hien konnt sech domat iwwert d'Victoire freeën.
Link: Résultats
Bei der 17. Editioun vum Erbeskopfmarathon konnt sech de Sören Nissen no 110 Kilometer an 3400 Héichtemeter iwwert d'Victoire freeën. Hien huet vir déi Streck 4 Stonnen, 44 Minuten an 41 Sekonne gebraucht a war domat 1 Minutt an 32 Sekonnen méi séier wéi de Belsch Joris Massaer.
Bei der Course vun den Damen, déi iwwer 37 Kilometer gefuer gouf, kënnt d'Betty Kinn op déi 4. Platz.
Link: Videoreportage vum SWR
30. 06. 2018 - 01. 07. 2018
Foto: Maya Straus
28. 06. 2018
Beim Championnat am Contre-la-montre sin zwee Coureuren vum VC Diekirch op de Podium gefuer.
Foto: Cyclingpix by Serge Waldbillig
17. 06. 2018
Beim Dräi- Länner- Championnat vun den Espoirs, daat dëst Joer zu Unna an Daitschland gefuer gouf, gëtt de Pit Leyder den éischte Lëtzebuerger, an ass domat och néie Champion bei den Espoirs.
No 169,9 Kilometer koum et wéi erwaart zu engem Massesprint, an deem den Daitsche Max Kanter déi séierste Been haat. De Pit Leyder kënnt insgesamt op déi 4. Plaatz a ka sëch domat iwwert de Roud- Waiss- Bloe Maillot freën. Als zweete Lëtzebuerger fiert dem Pit sain Teamkolleg vu Leopard Pro Cycling, de Luc Wirtgen iwwert d'Arrivée. D'Bronzemedail ass vir de Colin Heiderscheid.
Foto: FSCL
10. 06. 2018
Den 10. Juni ass de Pit Leyder bei "Rund um Köln" un den Départ gaang. No 207,7 Kilometer op engem Parcours mat ville klenge Koppen ass d'Entscheedung ëm d'Victoire am Sprint gefall. Hei konnt sech de Sam Bennett vu Bora Hansgrohe duerchsetzen. De Pit fiert an der selwechter Zait als 23. iwwer d'Arrivée.
Foto: Leopard Pro Cycling
10. 06. 2018
Um Sonndeg waren zu Bartreng zwee Coureuren vum VC Diekirch um Départ.
De Misch Leyder gëtt an der Course vun der Elite/Espoirs hannert dem Pit Schlechter mat engem Retard vu 44 Sekonnen den zweeten. Domat klasséiert hien sech och als éischten Espoir.
De Pascal Ley ass d'Course ned fäerdeg gefuer.
Fotoen: © Albert Krier
Excellent Perfomance vum Pit Leyder beim Skoda Tour de Luxembourg
30. 05. - 03. 06. 2018
Foto: Serge Waldbillig
06. 05. 2018
Bei der 53er Flèche Ardennaise kënnt de Pit Leyder op déi gutt 6. Plaz mat engem Retard vu 5 Sekonnen op de Gewënner Cees Bol.
Foto: Cyclingcphotography
01. 05. 2018
Um 1. Mee war de Pit Leyder mat der Nationalequippe zu Frankfurt beim Radklassiker "Eschborn- Frankfurt" an der Kategorie U23 um Départ. No 146 Kilometer ass de Pit als 29. iwwert d'Arrivée
gefuer. Hien haat e Retard vun 3:31 Minutten op de Gewënner Niklas Larsen aus Dänemark.
29. 04. 2018
Um Sonndeg ass de Sören Nissen beim Roc d'Ardenne zu Houffalize op dei drëtt Plaz gefuer. Bei dëser Course, déi zu der UCI World Series gehéiert, misst hien just dem Robbert de Nijs an dem Gewënner Simon Stiebjahn de Viirtrëtt loossen.
De Sören Nissen ass neien letzebuerger Champion am Cyclocross.
Um Championnat zu Kayl konnt hien sech als Solist duerchsetzen an domat sain eischten letzebuerger Championstitel feieren.
De Misch Leyder gewennt bei den Espoirs d'Selwermedail. Bei de Junioren kënnt de Jang Leyder op dei 5. Plaatz.
Foto: © Serge Waldbillig